Den 3 Juli waren eis Bambinis nach op hiren leschten Tournoi op Remerschen.
No engem 1-1 géint CS Sanem hu mir duerno 2-1 géint den FC Koeppchen gewonnen.
An eisem 3ten Match hu mir 3-0 géint den As Remich gewonnen. Am Uschloss hu mir eis e spannenden Match mat Remerschen geliwwert wou mir 1-0 gewonnen hun.
An eisem leschte Match hu mir géint Mondorf em déi 1 oder 2 Platz gespillt wou Mondorf dunn mat engem glecklechen 1-2 géint eis gewonnen huet an domat och déi 1 Platz um Tournoi beluecht huet an mir déi 2. gi sin.
Equipe: Lee, Fabrice, Luca C, Luca P, Christophe, Alex, Cédric.
Nom Tournoi sin mir dunn zesummen op Wasserbölleg Pizza iessen gang zesummen mat den Eltern an den Kanner.
Ech soen op deser Platz den Elteren an den Kanner en grousse Merci fir hir Gedold an déi vill Zäit déi se geopfert hun fir dass mir konnten esou eng schéin Saison spillen.
MERCI!
Weber Tun Trainer vun den Bambini 2010/2011)